De Ministère

De Kulturministère developpéiert an exekutéiert déi national an international Kulturpolitik vun der Regierung. Parallel zur nationaler Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine fërdert de Ministère déi kënschtlerech Kreatioun an ënnerstëtzt déi international Démarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden. Zu dësem Zweck ënnerhällt de Ministère op der enger Säit Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg, wärend en op der anerer Säit Fërderinstrumenter, wéi de Subsidendispositif oder d’Sozialhëllefe fir professionnel onofhängeg Kënschtler an intermittents du spectacle enwéckelt an ëmsetzt.

Bei der Ausféierung vu sengen Aufgabe gëtt de Ministère vun engem Réseau vu staatleche Kulturinstituter a kulturellen Organisatiounen déi un d’Zentraladministratioun vum Staat rattachéiert sinn ënnerstëtzt.

De Kulturministère setzt sech fir kulturell Bildung a Mediatioun an, a privilegiéiert dobäi eng oppen a partizipativ Kulturpolitik an där d‘biergerlecht Engagement an eng Bottom-up Approche en héige Stellewäert hunn.

De Ministère suivéiert déi regional kulturell Entwécklung a vertrëtt d’Regierung a kulturellen Dossieren an diversen internationalen Organisatiounen, dorënner d’Europäesch Unioun an de Conseil de l’Europe.

D’Kulturpolitik, souwéi hir ëmsetzung baséieren engersäits op de 64 Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 an anerersäits op dem Koalitiounsaccord 2018-2023.

Am Numm vun enger oppener a partizipativer Kulturpolitik ginn all zwee Joer Kulturassisë mam Secteur organiséiert. Parallel dozou, gi regelméisseg sektoriell Assisen ofgehal.

De Budget vun den Dépense vum Kulturministère (dorënner och d’Dotatiounen déi fir d’instituts culturels de l’Etat an d’établissements publics reservéiert sinn) beleeft sech, fir d’Joer 2021 op 160.235.222.-EUR.

D’Attributioune vum Kulturministère ginn duerch de groussherzoglechen Arrêté vum 5. Dezember 2018 iwwert d'Constitutioun vun de Ministèren definéiert.

De Sëtz vum Kulturministère ass am historeschen Hôtel des Terres Rouges.

Fräi Plazen am Ministère ginn op dem Portail govjobs.lu ausgeschriwwen.

Aktualiséiert